Umeldung CaraPio MAD

Vum 28. bis den 30 Mee 2021 fannen d’Multi Action Days rëm statt. Duerch déi speziell Situatioun an där mir eis befanne, gëtt och ee spezielle M.A.D. geplangt!

Wat ass d’Idee?

Dat Ganzt soll a Form vun enger Art groussem Rallye kombiniert mat engem Camp Volant an der Géigend Luerentzweiler oflaafen.

Op engem Wee vu ronn 40 km si verschidde Posten verdeelt. Op all Posten ass eng gréisser Aktivitéit geplangt. D’CaraPio vun all Trupp starten op engem anere Posten a ginn dann nodeems se d’Aktiviéit do ofgeschloss huet weider op deen nächsten. Sou soll een iwwert den Dag dräi bis véier Posten maachen.

Op dem Posten op dem een Owes ass gëtt d’Zelt opgeriicht a Moies geet de Parcours dann virun!

Sou wëlle mir garantéieren dass d’CaraPio aus de verschiddenen Truppe sech physesch net begéinen.

Den Präis steet nach net fest, mir schätzen dat en em 75 Euro läit. Déi ugemellten CaraPio kréien dono eng Mail fir Iwwerweisung.

Umellen kanns du dech bis den 15 Mäerz!

D'Umeldung ass fäerdeg. L'inscription est terminée.