Bei den Albatrossen handelt et sech em Leit, déi méi al wéi 23 Joer sinn an awer nach bei den LGS aktiv mat maache wëllen. Si sinn Member vum Grupp an ënnerscheeden sech dofir och vun enger Amicale, Gilde o.ä.. Déi RaRo, déi am Laaf vum leschten Scoutsjoer 23 Joer aal ginn sinn, kennen am neien Scoutsjoer Member vun den Albatrossen ginn. Ausnahmen kennen awer lokal vum Grupp bzw. der Hickecht geregelt ginn, sollen awer Ausnahmen bleiwen.

En Albatross kann och gläichzäiteg nach Chef am Grupp sinn, d.h. d’Albatrosse sinn keng Konkurrenz zu enger Cheftâche am Grupp.

D’Albatrossen si keng Branche an hunn dofir och keng Method. Et handelt sech hei och nëmmen em eng Zort roude Fuedem, deen all Hickecht je no besoin ëmsetze kann.

Alter : ab 23 Joer

Kontakt