D´Ranger an d´Rover si Jugendlech, Meedercher a Jongen vu 17 bis 23 Joër. Sie bilden déi iewecht Branche vun Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Hir Ziler sin domat déi nämlecht wéi déi vum ganze Verband. Mee, eleng duerch den Alter ergi sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen.

D´RaRo sin an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen oder virbereeden : d´Wiel vum Beruf, d´Wiel vun engem Liewenspartner an d´Wiel vun enger Liewensorientatioun. Den Numm vun der Branche, Route as Ausdrock vun dësem sichen an ennerwee sin. D´Ziler vun der Route orientéieren sech un de Besoinen vun de Jugendlechen. Si huet als grousst Zil, dass déi Jugendlech lues a lues duerch Aktiounen bewosst un hirem Erwuesse-sin, Engagéiert-sin a Chrëscht-sin schaffen. Eis Method bidd dobäi e Kader. D´Method bei der Route as eng altersgerecht Uwendung vun der Scoutsmethod. Eis Method huet also déi nämlecht Charakteristiken, Typ vun Aktivitéiten an Art a Weis fir se durchzeféieren, wéi déi vun den anere Branchen. Mee bei eis as den eenzelne méi gefuerdert, et as eis wichteg, dass d´RaRo bewosst un hirer egener Perséinlechkeet schaffen. Zur Method gehéiert : d´Liewen an engem Grupp.
De Grupp wou d´RaRo sech treffen nennt sech Clan. Dëse Clan trefft sech regelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Regelen. D´RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen. Mir schwätze vu Cogestioun. All RaRo mecht a sénger Route-Laafbunn eng Progressioun mat.

De Projet as e praktescht Emsetze vun der Scoutsmethod. Als Projet gëllen all méiglech Aktivitéiten awer dem Alter ugepasst. Et gët sech an Themen erageschafft a jidferee soll Konsequenze fir séng egen Haltung zéien. Beim Plange vum Projet huelen d´RaRo Responsabilitéiten un. Beim Ofschloss gët e Bilan gemaach.

Alter : 17 – 23 Joer

D’Versammlungen sinn: Eemol am Mount

Den aktuelle Planning vun de Versammlungen fannt dir hei :

Kontakt