Frënn vun de Käerjenger Guiden a Scouten

Eis Frënn sinn eis trei Hëllefer op grousse Fester. Si bestinn aus Eltere vu Scouten, eemolege Chef a Cheftainen oder och aus Leit, déi de Scouten einfach wëllen eppes Guddes doen.

D’Frënn vun de Käerjenger Guiden a Scouten hëllefe bei der Organisatioun an der Ausféierung vun eisem Basar, Bëschfest, Chrëschtmaart, eiser Ouschtereeëraktioun, Wäffelchersaktion,  etc.

D’Frënn freeën sech iwwer all hëllefend Hand.
Wann der wëllt hei matmaachen da mellt Iech bei der Presidentin vun de Frënn:

Andrée Scholtes

Présidentin

+352 621 192 413
[foogallery id="2176"]