Eise Grupp

 

St. Willibrord Käerjeng

Mer sinn 1984 fir d’éischt aus dem Zelt gekroch. Dunn hu mer laang Joeren eise Guidenalldag nëmmen ënner Meedercher bestridden.

2006 hu mer decidéiert, dass mer d’Jongen net weider aus dem Scoutissmus hei zu Käerjeng däerfen ausschléissen. Folglech ass ab dem Datum all Kand am Alter vu 7 bis 14 Joer als Wëllefchen oder AvEx bei eis wëllkomm.

Ab dem Alter vun 16 Joer ass een och als Chef/Cheftaine wëllkomm.
Mëttlerweil ass eis Gemeng  Käerjeng erweidert ginn: Kënzeg a Féngeg ass dobäi komm an sou hunn och d’Scouten décidéiert sech zesummen ze doen. 

Mir hun eis en neit Ziel gesat !

Mir hun eis iwwerluecht dat d’Erhalung vun eisem Grupp dee wichtegste Punkt iwwerhaapt ass, un deem mir schaffe mussen. Dofir hun mir eis d’Ziel gesat zwou nei Branche , CaraPio an RaRo, opzemaachen.

Endlech ass et sou wäit !! Mir hunn net nëmmen eng, mee direkt zwou nei Branchë fir d’Scoutsjoer 2018-2019 unzebidden. Bis lescht Joer huet ee missen eise Grupp mat 14 Joer verloosse fir weiderhin an de Scouten aktiv ze bleiwen, mee dat ännert sech ab dësem Joer. No den Avex kann een elo a CaraPio a spéiderhin a RaRo goen. An esou kann ee schlussendlech bis zum Alter vun 23 Joer, selwer an enger Branche aktiv bleiwen.

No de CaraPio ass een da villäicht prett fir sech als Chef auszeprobéieren an der nächster Generatioun vu Scoute flott Versammlungen ze halen

 

Uniform a Badger