CaraPio ass d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joer. Am Verband vun den LGS ginn et zur Zäit bal 54 CaraPio-Truppen, mat 530 Jugendlechen an 160 Cheftainen a Chef. An deene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et ginn awer och nach eenzel Caravellen- a Pionéiertruppen.

D´CaraPio treffe sech eemol d´Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten ze organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gëtt geluecht op d´Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an d’Engagement grouss geschriwwe ginn.

Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joer as ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d’Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joer ginn dann en etlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as.

  • Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
  • Knëppe vun internationale Frëndschaften
  • Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
  • am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
  • d´Natur a senge Verschiddenheeten erliewen
  • Grenzen iwwerwannen

“Fuer duer” ass de Sproch vun de CaraPio
organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.

Alter : 14 – 17 Joer

D’Versammlungen sinn: Samschdes vu 16h30 bis 18h30 zu Kënzeg am Chalet ausser an den Schoulvakanzen.

Den aktuelle Planning vun de Versammlungen fannt dir hei : 

Kontakt