“Avex” ass d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëschent 11 a 14 Joer. Am Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ginn et zur Zäit 55 AvEx-Truppen, verdeelt duerch dat ganzt Land, mat bal 1.000 Jugendlechen an iwwer 200 Cheftainen a Chef. An deene meeschten Truppeschaffe Meedercher a Jongen zesummen, et ginn awer och nach eenzel Aventuren- respektiv Explorertruppen.

D’Avex treffe sech regelméisseg, 1 mol an der Woch fir eng Versammlung ze maachen. D’AvEx erliewen Expeditiounen déi iwwer méi Versammlungen undaueren, mat Theme wéi z.B.: Natur, Ritter, Fuesend, ..

D’Avex maachen och normalerweis all Trimester e Weekend an engem Chalet, meeschtens als Ofschloss vun enger Expeditioun. D’AvEx schléissen d’Guiden- a Scoutsjoer mat engem grousse Camp of, wou si dann an Zelter schlofen.

Alter : 11 – 14 Joer

D’Versammlungen sinn: Samschdes vu 14 bis 16 Auer zu Kënzeg am Chalet ausser an den Schoulvakanzen.

Den aktuelle Planning vun de Versammlungen fannt dir hei : 

Kontakt