Mir wëllen de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen. D’Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesummeliewen, begeeschtert ginn. Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen. Duerch d´Spill an der Natur kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen..

Alter : Cycle 2.1 – Cycle 2.2

D’Versammlungen sinn all zweete Samschden vun 10 bis 11:30 Auer zu Kënzeg am Chalet ausser an den Schoulvakanzen!!