LGS Käerjeng – St. Willibrord
Mer sinn 1984 fir d’éischt aus dem Zelt gekroch. Dunn hu mer laang Joeren eise Guidenalldag nëmmen ënner Meedercher bestridden.
2006 hu mer decidéiert, dass mer d’Jongen net weider aus dem Scoutissmus hei zu Käerjeng däerfen ausschléissen. 2018 hu mir zwou nei Branchen, CaraPio a Raro derbäi kritt. Folglech ass ab 2018 all Kand / Jugendlechen am Alter vu 7 bis 23 Joer als Wëllefchen, AvEx, CaraPio oder RaRo bei eis wëllkomm.
Ab dem Alter vun 16 Joer ass een och als Chef/Cheftaine wëllkomm.
Mëttlerweil ass eis Gemeng Käerjeng erweidert ginn: Kënzeg a Féngeg ass dobäi komm an sou hunn och d’Scouten décidéiert sech zesummen ze doen.
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidd Grupp de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.
Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen
Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.