LGS Käerjeng – St. Willibrord

Mer sinn 1984 fir d’éischt aus dem Zelt gekroch. Dunn hu mer laang Joeren eise Guidenalldag nëmmen ënner Meedercher bestridden.

2006 hu mer decidéiert, dass mer d’Jongen net weider aus dem Scoutissmus hei zu Käerjeng däerfen ausschléissen. 2018 hu mir zwou nei Branchen, CaraPio a Raro derbäi kritt. Folglech ass ab 2018 all Kand / Jugendlechen am Alter vu 7 bis 23 Joer als Wëllefchen, AvEx, CaraPio oder RaRo bei eis wëllkomm.

Ab dem Alter vun 16 Joer ass een och als Chef/Cheftaine wëllkomm.

Mëttlerweil ass eis Gemeng  Käerjeng erweidert ginn: Kënzeg a Féngeg ass dobäi komm an sou hunn och d’Scouten décidéiert sech zesummen ze doen.

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidd Grupp de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.

Gruppeweekend zu Hogwarts

Gruppeweekend zu Hogwarts

Eis Wëllefcher, AvEx an CaraPio waren den 9. an 10. Februar um Neihaischen um Harry Potter-Gruppeweekend.

Adventstheater

Adventstheater

"De Willi an d‘Maja an der Märchewelt" um 15:00 Auer fräien Entrée De Willi an d'Maja fannen en alt Märchebuch bei hierer Bomi erëm. D'Bomi sot nach "Dir wësst, dass dir d'Buch net dierft fale loossen..." Mee do war et scho bal geschitt: D'Maja an de Willi landen an...

Schupperversammlung

Schupperversammlung

D'Summervakanz geet ob en Enn, a lues awer sécher hu mir eis vum Summercamp erholl ! Dat heescht et ass Zäit fir en neit Scoutsjoer! E Scoutsjoer mat traditionellen an ,awer dëst Joer speziell, mat e bëssen aneren, an och ganz neien Aktivitéiten! Aktivitéite mat neien...

Ouschtereeëraktioun

Ouschtereeëraktioun

Läscht Woch hunn eis Wëllefcher an Avex fläisseg an der Gemeng Käerjeng Ouschtereeër fir a gudden Zweck verkaf. Merci un jiddereen deen eis en Nascht ofkaaft huet. Mir wënschen Iech schéin Ouschteren.  

March 2021
13 March 2021

Versammlung

14:00 - 16:00
rue de la Gare L-4966 Clemency
Detailer uweisen 
20 March 2021

Versammlung

14:00 - 16:00
rue de la Gare L-4966 Clemency
Detailer uweisen 
July 2021
19 July 2021
29 July 2021
20 July 2021
29 July 2021
21 July 2021
29 July 2021
22 July 2021
29 July 2021
23 July 2021
29 July 2021
24 July 2021
29 July 2021
25 July 2021
29 July 2021
26 July 2021
29 July 2021
27 July 2021
29 July 2021
28 July 2021
29 July 2021
No event found!
Load More