D’Summervakanz geet ob en Enn, a lues awer sécher hu mir eis vum Summercamp erholl !

Dat heescht et ass Zäit fir en neit Scoutsjoer! E Scoutsjoer mat traditionellen an ,awer dëst Joer speziell, mat e bëssen aneren, an och ganz neien Aktivitéiten! Aktivitéite mat neien a scho bekannten Erausfuerderunge fir d’Chef an d’Kanner.

Mir freeën eis ob Scoutsjoer 2019-2020 voll mat Scoutismus, Spaß, Kreativitéit an neien Entdeckungen an der Natur.

Bass du oder äert Kannt un de Scouten interesséiert a wëlls e flott Scoutsjoer mat eis erliewen?

Da komm bis laanscht ob eis Schnuperversammlung an entdeck de Scoutismus ob eng flott a spannend Aart a Weis mat eiser Chefequippe

Mir freeën eis ob dech

Mat beschte Scoutsgréiss D’Scoutsequippe vun de Käerjenger Guiden a Scouten