8 – 11 Joer

11 – 14 Joer

14 – 17 Joer

17 – 23 Joer

23 Joer +

LGS Käerjeng – St. Willibrord

Mer sinn 1984 fir d’éischt aus dem Zelt gekroch. Dunn hu mer laang Joeren eise Guidenalldag nëmmen ënner Meedercher bestridden.

2006 hu mer decidéiert, dass mer d’Jongen net weider aus dem Scoutissmus hei zu Käerjeng däerfen ausschléissen. 2018 hu mir zwou nei Branchen, CaraPio a Raro derbäi kritt. Folglech ass ab 2018 all Kand / Jugendlechen am Alter vu 7 bis 23 Joer als Wëllefchen, AvEx, CaraPio oder RaRo bei eis wëllkomm.

Ab dem Alter vun 16 Joer ass een och als Chef/Cheftaine wëllkomm.

Mëttlerweil ass eis Gemeng  Käerjeng erweidert ginn: Kënzeg a Féngeg ass dobäi komm an sou hunn och d’Scouten décidéiert sech zesummen ze doen.

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidd Grupp de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.

Coronavirus : Mir hëllefen !

Coronavirus : Mir hëllefen !

Dir sidd am héijen Alter oder hutt eng chronesch Krankheet, déi iech „ufälleg“ géigeniwwer dem Coronavirus mécht ? Dir kënnt aus dësem Grond net méi akafe goen an Dir hutt kee fir dat an Ärer Plaz ze maachen? Mir si jonk, gesond an hunn Zäit (well d’Schoulen elo zou...

Adventstheater

Adventstheater

Em d‘Joer 1100 n.Chr ass et iergendzwousch an dësem Räich de jonke Kinnek Arthur ginn. Hien a säin tapfere Kolleg de Ritter Lancelot erliewen een Abenteuer nom aneren. Déi 2 maachen alles fir hiert Kinnekräich ze beschützen. Egal wéi geféierlech oder peinlech et och...

Schnupperversammlung

Schnupperversammlung

D'Summervakanz geet ob en Enn, a lues awer sécher hu mir eis vum Summercamp erholl ! Dat heescht et ass Zäit fir en neit Scoutsjoer! E Scoutsjoer mat traditionellen an ,awer dëst Joer speziell, mat e bëssen aneren, an och ganz neien Aktivitéiten! Aktivitéite mat neien...

Wäffelchersaktioun

Wäffelchersaktioun

#LGS ⚜️ #CharityDësse Weekend ass #Wäffelchersaktioun, dofir baken eis Wëllefcher, AvEx a CaraPio fläisseg an de Versammlungen👨‍🍳👩‍🍳! Intresséiert un lecker #Wäffelcher😋 ?Mir...

No event found!